Wien sin Duelemer Guiden a Scouten Dat kanns de bei de Guiden a Scouten erliewen: * flott Aktivitéiten am Fräien Wat äis wichteg as: * jidder Eenzelnen eng Chance ginn Wéi mir schaffen: * d’Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing) 5 Branchen: * Biber 6-8 Joer (min. 1t Schouljoer) Fir wien ? Fir all Jongen a Meedecher tëscht dem 1te Schouljoer an 23 Joer. Erwuessener sin als Chef/Cheftaine oder Amical wëllkomm. "Jongen a Meedecher kënnen an de Duelemer Guiden a Scouten opgeholl gin, ouni Ënnerscheed vu Rass, Relioun, Sprooch, Nationalitéit, vun hire kierperlechen an/oder geeschtege Fähegkeeten, vun hirem soziale Milieu." (Statuten, Artikel 2.2). Wéi mir organiséiert sin: Duelemer Guiden a Scouten gehéiren dem Verband vun den LGS Bei den LGS ginn et Mederchersgruppen, Jongegruppen a gemëscht Gruppen. Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen. Et ginn am Land 65 LGS-Gruppen mat 5500 Mêmberen. Si gehéieren zu de Weltorganisatioune vun de Guiden a vun de Scouten. De Scoutissem/Guidissem as weltwäit dee gréisste Jugendmouvement. E gouf vum Lord Robert Baden-Powell gegrënnt. All Guiden- a Scoutsgrupp huet Cheftainen a Chefen, déi op fräiwëlleger Basis mat dene Jonke schaffen. Vu 18 Joer un kann ee Chef resp. Cheftaine ginn, nodeems een eng – vum Staat unerkannte Formatioun – matgemaach huet. D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn, nieft hiren traditionnellen Guide-/Scoutaktiviéiten, staark an der Entwecklungshëllef engagéiert. Projetën an deem Beraich geschéien an Zesummenaarbecht matt der agrééierter ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“. |