Header
Merite Jeunesse
Waat ass den merite ?
daat fannt dir op dei oficielle seit vum Merite Jeuness hei zu Lëtzebuerg:
http://www.restena.lu/convict/Jeunes/MeriteJeunesse.htm

Den Mérite ass an 3 sougenannten Graden opgedeelt:

  • Bronze
  • Sëlwer
  • Gold

Fier all Grad gin ët 4 Kathegorien an deenen den Kandidat sech muss beweisen:

  • Service
  • Expeditioun
  • „Skills"
  • „physical recreation activities"

Fier déi déi den Gold maachen, kënnt nach eng fënëft Kathegorie derbai: „Residential project"

Waat genau sinn déi Kategorien ?

* Service :           -     Bronze  :  3  Méint

                             -     Sëlwer  :  6  Méint

                             -     Gold    : 12  Méint

 z.B. :                        -     aktive Cheff an iergendenger Branche
                                 -     Responsabel an engem Sportsclub, Jugenhaus
                                 -     an engem Déieren-, Kanner- oder Altersheem hëllefen
                                 -     aale Léit beim Haushalt an akaafen hëllefen
                                 -     sech fier e gudd Wierk asëtzen an op verschidden Aart a Weisen Suen sammelen (z.B. e Fest organiséiern, Theater spillen....)

Wichteg ass, daat d'Aktivitéiten reegelméisseg gemaach gin !!

* Expeditioun :                    - Bronze : 2 Deeg , 1 Nuecht ,   24 km
                                             - Sëlwer : 3 Deeg , 2 Nuechten,  48 km
                                             - Gold   : 4 Deeg , 3 Nuechten,  80 km

Ët ass égal mat waat fier engen Hëllefsmëttelen een déi erfuedert KM-Zuel hannerunn sech brengt. Am beschten ass ët jo ze Fouss, mee ët kann een och den Velo huelen, reiden, mat engem Boot/ Canoe fueren.... Wichteg ass héi just, daat enn en fest Ziil fierun Aan huet, a nët einfach esou lass marschéiert. (wéi z.B. op e Bierg ganz eropklammen ... ) Daat ganzt erfuedert also eng gewëssen Préparatioun (Trajet sichen, Schloofplaatz organiséieren....)

 

* Skills :                            - Bronze  : min 6  Méint
                                          - Sëlwer  : min 12 Méint
                                          - Gold    : min 18 Méint

Z.B:

- eng Formatioun maachen
- en Musiksinstrument spillen
- an Computer-kueren goen
- Tauchen goen (Tauchschain)
- an Moolkueren goen
- Photographie-kueren
- Eischt Hëllefskuer
- eventuell: Führerschain
- Theater spillen
- e Film selwer schreiwen an dréinen 

* Physical recreation activities :
l Bronze : 3 Méint
l Sëlwer : 4 Méint
l Gold : 5 Méint

Fier dese Punkt kann een egal waat fier en Sport maachen;
Sierf daat en Equippe-Sport ader eng eenzel Sportaart.
Et kann een och an engem Danzclub sin oder Selbstverteidegung maachen. Et ass praktesch alles erlaabt.

De Sport an de Schoulstonnen ziehlt net!

 

* Residential project : 

Dëse Punkt gëllt nëmmen fier déi, déi de Gold maachen. Héi muss een e Projet réaliséieren, oder mat drun deel huelen, wou een weider keen aaneren kennt; souzesoen, en Auslandsprojet.Dësst kann awer och z.B. ënnert der Form vun engem Volontariat am Ausland sin oder un enger internationaler Konferenz deel huelen.

E beschen Geschicht

De Programm vum Mérite ass fier d'éischte Kéier 1956 vum „Duke of Edinburgh" an England an d'Liewen geruff gin. Am Ufank hun gréisstendeels vereenzelt Schoulklassen an kleng Jugendvereenegungen um Projet deelgeholl. Mee schnell huet sech desen Mérite uerchtert d'ganz Welt ronderem geschwaart, sou daat säitdeem iwwert 3.5 Milliounen jonk Leit, aus 60 veschiddenen Länner drun deelgeholl hun. De Grondgedanken vun dem ganzen Projet ass, daat den Jugendlechen sech ee beschtëmmten d'Ziil setzt an probéiere soll ët z'ereechen. Ausserdeem soll en léieren sech, an seng Ëmwelt besser kënnen ze léieren an sech sozial z'engagéieren. Wichteg ass, daat ët e ganz perséinlechen Challenge soll sin, deen natiirlech op fraiwëlleger Basis berout an eng gewëssen Quantitéit Motivatioun benéidegt.

 

Bei desem Programme probeiren mir meiglechs activ ze sin. E puer vun eisen Membren sinn och schon hei vir hieren effort recompenseiert gin.

Fotoen vun der Eichter iwerrechung (2001)

Fotoen vun der zweeter iwerreschung (2011)