Header
Eisen Natur Léierpad

Léierpad - 100% Natur
Panneau Leierpad

De « Natur Léierpad - 100% Natur » offréiert vum Grupp St. Martin Duelem an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Duelem ass 2011 am Kader vum Joer vun de Bëscher opgeriicht ginn.
De Léierpad huet als Ziel Iech d’Natur méi no ze bréngen an Iech unhand vun didaktesche Panneau’en an Animatiounen d’Diversitéit vun eise Bëscher ze erklären.

Départ ass um Parking beim Duelemer Gemengenhaus.
De Wee féiert Iech iwwer 2,35 km, dësen Wee vun hudd Dir an ongeféier 1st gemaach.

Ënnerwee fannt Dir 6 ganz verschidde Statiounen, Spiller, Déiere mat deenen Dir d’Vielfältegkeet vun eise Bëscher entdecke kënnt.
Duerch dës Statioune wéilte mir Iech drop opmierksam maachen wéi wichteg eis Natur ass an wéi wichteg et ass se ze respektéieren an ze schützen.
Mir wënschen Iech vill Spaass um Wee a beim Entdecken vun der Natur !

Héi kënnt dir och eisen Flyer zum Natur Leierpad eroflueden.


View Naturléierpad Duelem in a larger map

Den Start punkt ass hei: QR_Depasrt