Header
Geschichte

Wéi eise Grupp ëntstan ass

 


Nom Départ vun eisem fréieren  Paschtouer, dem Abbé E. Urth  ,  am Fréihjoer 1991 huet den Abbé  Fränz Müller d’Por Duelem mussen matiwerhuelen. Niewt de Poren Elleng, Elveng   a Wellesteen, hat hien mat engem Schlag en décken Trapp méi Schéwercher  ze betreien. En éischt Joer ass dunn an d’Land gangen wou de Fränz  mol seng nei Porkanner  an hir’t Vereinsliewen huet misse kenneléieren. Ausser der JAC zu Fëlschdrëff war déi Zeit keng Vereinsstruktur an der Gemeng Duelem, déi ausschliesslëch fir Kanner oder  Jugendlëcher  do war.
Am  Fréihjoer 1992  huet e schrecklecht Verbriechen der Gemeng Duelem zou zweifelhafter Bekanntheet  verhollef. E puer jonk Leit haten , vir e puer dausend Frang ze klauen, en ale Mann , deen eléng zu Duelem  gelieft huet mam Messer doudgemacht. De jonke  Leit, déi dëss schrecklech Dood ze veräntwerten haten hirt ganzt Liewen war mat engem Schlag ruinéiert. De Fränz huet d’Fro nëtt méih lass gelooss, op  dat huet   missen sou kommen, oder op déi jonk Leit nëtt zevill Freizeit mat ze wéineg  sënnvoller Beschäftegung  hun missten opfëllen. D’Iddie huet an him Gestalt  ugeholt , fir eng Struktur ze schaafen, déi Kanner a jonke Leit eng sënnvoll Freizeitgestaltung  sollt ubidden.  Kloer, datt de Fränz  och gäre gesinn hätt wann den neie Klibbchen sëch u Jesus Christus a senger frouer Nooricht géing ausriichten.  Awer et misst eppes sinn, dat de Kanner aus alle sengen Dirfer op géing stoen, a waat zougleich  an eiser Regioun nei , a viir d’Kanner an d’Jugendlech attraktiv sollt sinn. A fir nëtt mussen Strukturen, Spillregelen  an Iddien nei ze erfannen , sollt et am Beschten  eppes sinn, watt op anere Platzen seng Preuven laang bestaan hat. Wat louch do méih no, wéi e kathoulësche Scoutsgrupp wëllen ze grënnen ?
  D’Iddie war flott, mais fir e Scoutsgrupp ze bedreiwen , braucht et Cheffen, Kanner, en Home  Iddien a Material.  Wuel gouf a gëtt ët e landesweite Verband, deen no international gültege Regelen , d’Gruppen hei am Land betreit an iwerwaacht, mais dëse Verband hat kee Pool vu freie Cheffen, déi een einfach hätt kënnen op Duelem ruffen  . D’Philosophie vum Scoutismus wëllt, datt all Grupp wéi eng Zell aus sëch selwer wiist an sëch seng Cheffe selwer eropziilt. De Verband konnt dem Fränz , bei der Realisatioun vu senger Iddie, mat Rot  an didakteschem Material  hëllefen, mais eng Chefféquipp misst schon um Terrain selwer fonnt ginn. Hien huet sein Uleies am Gebiet virun den Härgott , eisem iewechte Cheff bruecht, an huet gezielt ugefangen sei Projet virunzebréngen.
Am Summer 1992 huet de Fränz ugefang, bei verschiddene Leit déi hien kannt huet ze sondéieren , fir ze gesinn op eventuel Leit bereet wieren , un der Grënnung vun engem Scoutsgrupp matzeschaffen. No der Rentrée am Hierscht, huet de Fränz Sondes an den Houmassen an alle  Kiirchen  de Leit vu senger Iddie, e Scoutsgrupp ze grënnen, geschwaat. Hien  huet fir Freides de 27ten November 1992 owends  op Elleng an d’Schoul invitéiert. Hei sollt fir all Interessenten  eng éischt Gelegenheet sinn, fir Kontakt opzehuelen an sëch auszetauschen. Dëss Annonce huet bei verschiddene Leit fir vill Onrouh  a ville Gespréicher am Familljekress gesuergt. De 27te November ware vill Leit, déi sëch gréistendeels nët  kannt hun zu Elleng an der Schoul. E puer Responsabler vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten waren do, an hun de Prinzip vum Scoutismus erklärt an en Iwerbléck vermëttelt waat d’Bedreiwen vun engem Grupp un Exigenzen un d’Cheffen  stellt.  E gudden Engel hat dervir gesuergt, dat niewt villen interesséierten  Leit ouni eegen Scoutsvergangenheet, och e Mann op Elleng komme war, deen Scout duerch an duerch ass, an deen aus senger Jugend eng joerelang Erfahrung als Truppecheff  matbruecht hat. De Jean Langehegermann hat dat , waat denen aneren  Interesséierten gefeelt huet , gutt Iddien aus der Praxis, Kenntnis vun der Philosophie vum Scoutismus, eng déif Reliositéit an eng Scheier voll alem Scoutsmaterial vun Seeler iwer Zelter bis op en ale Campfändel . De Fränz huet der Versammlung ugebuden, dem ze grënnenden  Scoutsgrupp den ale Poorsall hannert dem Paschtoueschhaus zu Duelem als Home ze iwerloossen. Et waren also gutt Viraussetzungen ginn, fir datt de Projet sollt réusséieren. Mais nach war et nëmmen e Projet.
De selwechten Owend nach huet de Jang d’Personalien vun de Leit opgeholt, déi un engem weideren Kontakt interesséiert waren. An deene folgenden Deeg huet hien dun mat alle Leit vu senger Lëscht Kontakt opgeholt, fir de Bolz ze huelen an nei Rendez-vous’en ze fixéieren, bei deenen méih konkret iwert d’Realisatioun vum Fränz senger Iddie sollt geschwaat ginn.
Et hunn sëch dunn 13 Leit fonnt, déi an de nächste Wochen eifreg d’Käpp zesummegestach hun, fir d’Grënnung vun dem neie Grupp virzebereeden.  No langen Diskussiounen ass dem Carlo seng Prospose, de Grupp nom hellege Märten ze nennen, ugehollt ginn. Dësen Hellege Mann ass jo besonnesch fir seng Mantelspende zu Amiens bekannt. Als Ritter vun der  Barmhärzegkeet , hu mir hien zum  Virbild geholt, an  eise Grupp ënnert sei Patronage gestallt. Ausserdeem huet eis folgend Viirstellung faszinéiert. Et ass geschichtlech erwisen , datt de Martin, als Bëschof  vun Tours 2 mol  op Tréier bei de réimësche Keeser  gereest ass. Well eng Réimerstrooss aus Frankreich op Tréier bei eiser Réimersiedlung , dem Ricciacus, Etappe gemacht huet, kann een nëtt ausschléissen, datt den hellege Märten  um Pötzel, also hei zu Duelem war, an hei geschlof a giess huet. Wien wees, villeicht gehéiert eng vun deene sëllege Schierbelen op der Gewaan  zu engem Geschier vun  deem eise Patréiner  gies hat ?!!
Op alle Fall ass eifreg geschafft gin fir de Grupp op d’Been ze stellen, eenzel Leit hun eng Chefformatioun ugefangen oder erneiert , de Jang huet seng Gruppechefformatioun gemacht, an sou konnten 13 Leit Freides den 22te Januar 1993  de Konstitutiounsacte ënnerschreiwen. De Gruppe war gebuer, an direkt hu mir eis bei de Gemengen aus eiser Regioun ( Duelem, Mondorf, a Burmerange ) agedroen an ëm e Subside gefrot fir schaffen ze kënnen. Nëmmen d’Duelemer Gemeng huet op eis Demande réagéiert, an  sou hu mir eise siège social zu Duelem gehollt.Och beim Verband vun de Lëtzebuerger Scouten hu mir eis ugemellt an no enger visite vum  Commissär général si mir an de Verband opgeholt ginn.
Et gouf décidéiert, datt mir Samsdegs de 6 te März 1993,  mëttes ëm 14 :30 Auer eng éischt Versammlung mat den interesséierte Kanner aus allen Diefer sollte maachen.  Als Thema hate mir « Indianer » zeréckbehalen, an sou gouf fleisseg un all méiglechem Material vir Indianer ze spille gebaut. Souguer e groussen Holzbison gouf op engem Seel hinanhier gezunn, fir datt d’Kanner mat Pfeil a Bouh op e beweglecht Ziel sollte schéisse kënnen. D’Invitatiounen ware verdeelt, d’Material war bereet, an d’Chefféquippe war déck gespaant  ze gesinn, wéivill Kanner da géifen viirwëtze kommen. Jidfereen war déck zefridden, wéi et owends kloer war, datt mir d’Nimm vun ongeféier 40 Kanner am Wëllefchesalter  an 12  potentiellen Explorer op eise Lëschten haten. Fir mam Home laanscht eneen ze kommen gouf décidéiert, datt d’Wiwel sëch Samsdegs nomettes ënnert der Leedung vum Josée Vandivinit  treffen sollten, während de Jang d’Avex Versammlung Dënschdeg owends  dirigéiere sollt. Fir e klengen Ausgleich an de Branchestärkten ze schaafen , goufen nach e puer Leit , déi eigentlëch nach Wiwel sollte sinn, bei d’Explorer gehollt, an dunn war alles bereet. Dënschdegs de 16te März 1993 war  eis éischt normal Explorerversammlung .

Eise Grupp war Réalitéit.