Header
St Martin
Den Hellegen Maërten vun Tours

St_Martin_Logo

Mir hunn den hellegen Maerten gewielt, well hien durcht d'Deelen vun sengen Mantel mat deem Mann deen um Erfreieren waar, e Beispill ass fir eis all! D'idée waar dass mir mat him als Beispill deenen aaneren Mënschen hellefe sollen, och wann et oft vill kascht! Esou solle mir wei an Verspirieche festgehaal all Daach eng B.A. maachen.

De Maerten gouf em 316 zu Sabaria an Ungarn gebour. Hien war e Jong vun engem réimeschen Offizeier. Schon an senger fréister Kandheet huet hien emmer bei der Kaseir den Zaldoten nogekukt, an hien wost séier dass hien Zaldot weilt ginn, wann hien grous wair.

Wei den Maerten eng keier am Bësch gspillt huet, do huet et ugefaang mat donneren an hien ass séier an eng Kirch gelaaf fir Schutz ze sichen. Do huet de Paschtouer Geschichten vum Jesus viergelies an de Maerten huet gemirkt dass de Jesus e besonnege Mënsch war.

Wei de Maerten 15 Joër hat sinn si an Italien geplennert. Do as hien dann an d’Armei gang, an epour Joër mei speit as hien zum Hauptmann ernannt ginn.Kurz vierum Wanter huet de Kaiser hinnen befoul a Frankreich ze zeien.

Zu Amiens a Frankriech sinn si dann bei de Staatmaueren engem armen Mann begeint. Hien luch am Grouf an huet geziddert vun keelt well hien keing Kleeder haat. Wei de Maerten hien gesinn huet do haat hien Matleet mat him. Déi aner Zaldoten hunn deen armen Mann ausgelaacht, mee de Maerten huet sech neischt dorauser gemaat. Kuzer Hand huet hin sein Schwert gezunn, sein Mantel ausgedoen an en an zwee gedeelt.
Hien huet dem Bettler den halwen Mantel ginn, an as weider geridden.

Mee op eemol ass him an der Nuet den Jesus erschengen, deen dat Steck Mantel unhat waat de Maerten dem Bettler ginn hat, an hien huet gesot :
« Martinus, deen nach nët gedeeft ass, huet mech gekleet. »
Dëse Saatz huet de Maerten esou beandrockt, dass hien direkt den Dach drop an Kirch gangen ass an sech deefen geloos huet.

Vunn do unn as hien sou oftwéi meigelch bei de Paschtouer gang fir mat himm an der Bibel ze liesen.

Zwee Joër méi speit solt hien mat sengen Mënner an den Krich géint d’Germanen zeihen mee hien Huet zum Kaiser gesoot :
« Ech sinn elo e Krecht, an dofir zeien ech nët mat an den Kirch wëll ech keng Léit mei well embrengen. »

Dourops hin gouf den Kaiser rosen an huet hien aus der Armei geheit, hien goung dono bei eng Fra déi hin e brongen Kittel gebutt huet, hien ass dann an de Bësch gang fir do an enger aaler Hüt ze liewen an ze bieden. Enges Dachs koum eng Fra vun engem Bauer bei hien an huet gefrot op hien opt Kanner kéint oppassen während si op dem Feld sinn. Hien huet vunn do un all Dach fir d’Kanner gekacht an op si opgepasst bis d’Erntezeit eriwer war.

No an no sin emmer méi Leit komm an hunn hien gefrot op hien hinnen nët hellefen kéint.
Wei hien esou durch d’Dirfer gezunn ass fir deen Kranken an Aalen ze hëllefen huet hien emmer mei Leit fond déi him gehollef hun. Schlusendlech huet hien em 360 no bei Poitiers e Kloouschter gegrennt. Et war dat eischt Klouschter a ganz Europa.

Ebössen mei speit koumen Männer an d’Klouschter si hu gesoot dass de Bëschof gestouwen ass an dass si de Maerten kroen wëllen op hien et weilt ginn. Mee de Maerten wollt et nët ginn, hin wollt leiwer am Klouschter bleiwen an deenen Armen hëlefen, durfir huet hien sech am Gänsestall verstopt. Mee d’Männer hun hien awer fond. Nodems hien gebied hat ass hien den dach drop awer matgang. Sondes hun d’Léit sech dann an der Kirch versammelt an hien ass zu Bëschhof ernannt gin.

An den Méint dourno sin ëmmer mei Leit an d’Klouschter kom an dëst gouf séier ze kleng.
Schnell hun si e neit Klouschter un der Loire gegrennt do konnte och d’Pater zu Beschhäf ausgebild ginn.

Mat der Zeit wollt hien nët mei an dem schéinen Bëschofshaus wunnen an hien ass an d’Klouschter zereckgang. Vun do aus as hien op Treier gang fir dem Kaiser ze soen dass déi arm Bauern déi hir Scholden nët bezoulen konnten am Prisong setzen an dass dat nët richteg wär. Den Kaiser huet daat agesinn an déi Arm vun hiren scholden befreirt.

Wei den Maerten gemirkt huet dass hien stirwen mist huet hien sein Kittel ugedoen, well hien wollt wie en armen Mann stierwen.

Em 400 as den "HELLEGEN MAERTEN" dann gestourwen. Haut leit hien an der Kathédral vun Tours begrouwen.