Header
AvEx Verspriechen

Waat ass een Engagement?

Mir schwätze bei de Guiden a Scoute vun Engagement, Verspriechen, Engagementsfeier, Verspriechensfeier, ... D'Ausdréck hänken zum Deel vun de Branchen of. Mir hun äis op folgend Definitioune festgeluegt: Mat Engagement menge mir eng bestëmmt Haltung, déi een als Mënsch hu kann. Mat “Verspriechen ofleën” oder “en Engagement huelen” menge mir den Akt, wou de Jugendlechen/d'Kand sech virun der Unitéit, also der Famill, dem Ruddel, der Trupp, respektiv dem Clan, zu verschiddene Virsätz bekennt. Bei den ënneschte Branchë gët éischter vu Versprieche geschwat, während mir bei den ieweschte Branchen éischter soen: hatt/hien engagéiert sech.

Verspriechen a Guidissem/Scoutissem

- Gesetz a Versprieche sin zwar nët déi eenzeg Punkten, duerch déi mir äis vun anere Bewegungen ënnerscheden, mee si si wesentlech Bestanddeler vum Guidissem/Scoutissem.
- Fir de B. P. war d’Relioun esou eppes Grondleëndes an Einfaches, datt hien se als gläichbedeitend mat Gléck gesin huet. Deemno as si keng Viraussetzung fir sech ze engagéieren, mee een, dee sech fir eng gutt Saach engagéiert, as, sénger Iwwerzegung no, bewosst oder onbewosst scho reliéis.
- Mam Versprieche verflicht sech d'Kand/de Jugendlechen a Richtung vun den Idealer vum Guidissem/Scoutissem ze liewen. Hatt/Hien gët ugereegt, eng perséinlech Versioun vum Verspriechenstext ze fannen, wou hatt/hien, déi Elementer erauswielt, mat denen hatt/hien eppes ufänke kann.
- D'Verspriechen as en Ustouss fir iwwer d'Haltung vun Engagement nozedenken. Et as eng Etapp an der Progressioun vum Eenzelnen.
- D'Verspriechen geschitt an der Famill/Ruddel/Trupp/Clan, déi him beim Ustriewe vu séngen Idealer zur Säit stoe soll. D'Verspriechen as also eppes wat an déi zwou Richtungen - vu Guide/Scout zur Branche an zréck - geschitt.

D'Haltung vun de Jugendlechen vis-à-vis vum Engagement

- Eng Rei Studien aus de leschte Joren (wéi z.B. d'SHELL-Studie vun 2002) iwwert d’Engagement vu Jugendlechen stelle fest, datt déi Jonk genausou bereet wéi fréier sin, sech ze engagéieren.
- Allerdéngs, an dat as dee wesentlechen Ennerscheed zu fréier, nët méi ënnert denen übleche Konditiounen an nët méi esou an denen traditionellen Institutiounen. Dës Tatsaach an och d’Striewe vum Jonken no Selbstverwierklechung, hun handfest gesellschaftlech Hannergrënn (Zwang zur Autonomie, Konsumkultur asw.), déi hie souzesoë forcéieren, esou ze handelen, wéi hien handelt.
- An der däitscher Shell-Studie “Jugend’ 02” gët festgestallt, dat d’Haaptmotiver fir dee Jonken, sech ze engagéieren, nët, wéi verschidde Leit mengen, z.B. eng materiell Entschiedegung as. Dës Motivatioun kënnt beim Jonken bal u leschter Plaz. Wesentlech fir hien as, datt d’Engagement muss Spaass maachen.
- Zwetens datt hien allzäit muss kënnen “ausklammen”, an drëttens, datt hie ka selwer matbestëmmen, wat hien mécht.
- Iwwerduerchschnëttlech wichteg as fir hien och, datt Frënn dobäi matmaachen, datt ët ëppes aneschters as wéi an der Schoul/op der Aarbecht, an datt hie keng Virschrëfte gemaach kritt.

Den Verspriechenstext

Ech engagéiren mech
main liewen senvoll ze gestalten,
Verantwortung ze iwwerhuelen,
meng Emwelt ze respektéiren,
mech fir Fridden a Gerechtechkeet anzesetzen,
mech dobai u mengem Glaven ze orienteiren
an, nom Scoutsgesetz ze liewen