Waat ass den merite ? daat fannt dir op dei oficielle seit vum Merite Jeuness hei zu Lëtzebuerg: http://www.restena.lu/convict/Jeunes/MeriteJeunesse.htm |
|||
Den Mérite ass an 3 sougenannten Graden opgedeelt:
Fier all Grad gin ët 4 Kathegorien an deenen den Kandidat sech muss beweisen:
Fier déi déi den Gold maachen, kënnt nach eng fënëft Kathegorie derbai: „Residential project" Waat genau sinn déi Kategorien ?* Service : - Bronze : 3 Méint - Sëlwer : 6 Méint - Gold : 12 Méint z.B. : - aktive Cheff an iergendenger Branche Wichteg ass, daat d'Aktivitéiten reegelméisseg gemaach gin !! * Expeditioun : - Bronze : 2 Deeg , 1 Nuecht , 24 km Ët ass égal mat waat fier engen Hëllefsmëttelen een déi erfuedert KM-Zuel hannerunn sech brengt. Am beschten ass ët jo ze Fouss, mee ët kann een och den Velo huelen, reiden, mat engem Boot/ Canoe fueren.... Wichteg ass héi just, daat enn en fest Ziil fierun Aan huet, a nët einfach esou lass marschéiert. (wéi z.B. op e Bierg ganz eropklammen ... ) Daat ganzt erfuedert also eng gewëssen Préparatioun (Trajet sichen, Schloofplaatz organiséieren....)
* Skills : - Bronze : min 6 Méint Z.B: - eng Formatioun maachen * Physical recreation activities : Fier dese Punkt kann een egal waat fier en Sport maachen; De Sport an de Schoulstonnen ziehlt net!
* Residential project :Dëse Punkt gëllt nëmmen fier déi, déi de Gold maachen. Héi muss een e Projet réaliséieren, oder mat drun deel huelen, wou een weider keen aaneren kennt; souzesoen, en Auslandsprojet.Dësst kann awer och z.B. ënnert der Form vun engem Volontariat am Ausland sin oder un enger internationaler Konferenz deel huelen. E beschen Geschicht De Programm vum Mérite ass fier d'éischte Kéier 1956 vum „Duke of Edinburgh" an England an d'Liewen geruff gin. Am Ufank hun gréisstendeels vereenzelt Schoulklassen an kleng Jugendvereenegungen um Projet deelgeholl. Mee schnell huet sech desen Mérite uerchtert d'ganz Welt ronderem geschwaart, sou daat säitdeem iwwert 3.5 Milliounen jonk Leit, aus 60 veschiddenen Länner drun deelgeholl hun. De Grondgedanken vun dem ganzen Projet ass, daat den Jugendlechen sech ee beschtëmmten d'Ziil setzt an probéiere soll ët z'ereechen. Ausserdeem soll en léieren sech, an seng Ëmwelt besser kënnen ze léieren an sech sozial z'engagéieren. Wichteg ass, daat ët e ganz perséinlechen Challenge soll sin, deen natiirlech op fraiwëlleger Basis berout an eng gewëssen Quantitéit Motivatioun benéidegt.
Bei desem Programme probeiren mir meiglechs activ ze sin. E puer vun eisen Membren sinn och schon hei vir hieren effort recompenseiert gin. |