DEN SURFER BADGE

 

01.

Du kanns déi wichtegst Deeler vun engem Computer opzielen a weess waat een soss nach alles kann vun Apparater drun uschléissen.

02.

Du kenns e puer Sichprogrammer um Internet a weess wéi een se richteg benotzt fir eng bestëmmten Informatioun ze fannen.

03.

Du kenns d’Bedeitung vu Begrëffer wéi „www“, „@“, „Webmaster“ asw.

04.

Du benotz regelméisseg E-mail fir mat dengen Kollegen a Kontakt ze sin.

05.

Du kenns dëch mat engem Textveraarbechtungsprogramm aus a benotz en am Kader vun den AvEx.

06.

Du weess wéi en Chat funktionéiert an kenns dech mat där spezieller Sprooch aus *g*.

07.

Du stells eng Lëscht vun Internetsiten op déi mam Guidissem/Scoutissem ze din hun.

08.

Du kanns en digitalen Fotoapparat benotzen a weess wéi een sou eng Fotoen um PC retouchéieren kann.

09.

Du weess waat een däerf op CD-Rom kopéieren, an waat nët.

 

Aufgaben:

 

 

a) Du baus eng Internet-Säit op fir deng Patrull/Trupp virzestellen.

b) Du stells eng Sammlung vun Cliparts zum Thema Guidissem/Scoutissem zësummen.

c) Du hëlls um JOTI (Jamboree On The Internet) deel.

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.