DEN REL. ANIMATEUR BADGE

 

01.

Du hues e Weekend religieux, de Pélé des Jeunes, oder d' Sprangprozessioun oder eng aner gréisser reliéis Aktivitéit matgemaach.

02.

Du bass verantwortlech fir d’Dëschgebieder an denger Patrull um Camp.

03.

Du méchs d’Fürbitten an enger Mass.

04.

Du kenns e puer Reliounen a weess wat se ënnerscheed.

05.

Du kenns d’Guide/Scoutsgebiet- a Gesetz.

06.

Du weess déi wichtegst Etappe vum Liewe Jesu.

07.

Bei enger Mass, bei enger reliéiser Veillée iwwerhëlls du eng gréisser Charge.

08.

Du bas emmer bereet no den chrëschtlechen Wärter, wéi Frëndschaft, Respekt mateneen a vireneen ze liewen.

 

Aufgaben:

 

 

a) Du formuléiers ee perséinlecht Gebiet an erklärs d’Situatioun, an där et virkënnt.

b) Du méchs ee Kalenner mat de wichtege krëschtleche Feierdeeg an erkläers hir Bedeitong.

c) Du hëllefs bei der Virbereedung vun engem Wogodi.

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.