DEN REPORTER BADGE

 

01.

Du féiers een Interview duerch, fir deen's du selwer d’Froen ausgeschafft hues.

02.

Du hues eng Aktivitéit a Biller festgehalen a méchs doraus entweder e Video-Dia-oder Fotoowend oder awer e Reportage fir an d’Branchenzeidong.

03.

Du suergs derfir, datt d’Logbuch während enger bestëmmten Zäit vun dir gefouert gët.

04.

Du weess bescheed wéi eng Zeidong gedréckt gët a kenns déi wichtegst Fachausdréck.

05.

Du kenns déi wichtegst Schrëtt vun der Iddi bis zur Ausféierong vun enger Radiosendung an engem Televisiounsreportage.

06.

Um Camp hëllefs du aktiv un der Gestaltung vum Panno.

07.

Du kenns déi geleefegst Dageszeidongen an Radio/Fernsehsenderen.

08.

Du iwwerpréifs eng Informatioun léiwer zweemol wéi e Gerücht weiderzeverbreeden.

 

Aufgaben:

 

 

a) Du méchs e Reportage zu engem ganz aktuellen Thema a setz déch kritesch domat ausenaner.

b) Du iwwerhëlls een Atelier Foto-Entwéckelen fir eng Versammlung.

c) Du stells en Dossier iwwert d’Geschicht vun ärem Grupp zësummen.

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.