DEN SECHERHEETS BADGE

 

01.

Allgemeng probéiers du Geforen fréizäiteg ze erkennen an ze vermeiden.

02.

Du kenns déi elementarst Verkéiersreegelen an hälls dech och dorunner.

03.

Während engem Donnerwieder weess du wéi s du dech am beschten virum Blëtz schütz.

04.

Um Camp kucks du fir déi elementar Hygiènes-Reegelen anzehaalen.

05.

Du kenns d’Reegelen déi een während dem Hike muss beuechten.

06.

Du weess op waat een muss beim Holzmaachen oppassen.

07.

Du weess wéi een e Feier richteg ausmëcht a waat een am Fall vun engem Brand soll maachen.

08.

Du pass nët nëmmen op deng eegen Sëcherheet op, mee och op deenen aaneren hier.

 

Aufgaben:

 

 

 

a) Während enger Aktivitéit (W.E., Camp,…) kontrolléiers du op all Sëcherheets-moossnahmen agehaalen gin.

b) Du stells eng Lëscht op mat allen Sëcherheetsreegelen déi dir bei enger Guiden/Scouts-Aktivitéit wichteg erschéngen.

c) Um Camp riichts du d’Holzplaatz sëcher an.

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.