DEN NATUR BADGE

 

01.

Du kenns déi wichtegst Beem aus eiser Géigend.

02.

Du kenns eng Parti Déieren a Planzen hei am Land, virun allem déi geschützten.

03.

Du hues een allgemengt ëmweltfrëndlecht Verhalen.

04.

Du versteess de Kreeslaf vun der Natur an erklärs en dénger Trupp.

05.

Du versteess de Kreeslaf vum Recyclage.

06.

Du erkenns Déierespueren.

07.

Du kenns d’Wollekeformatiounen a kanns Wiederviraussoë maachen.

08.

Du weess wéi ee mat einfache Mëttele ka feststellen, op ee Bam gesond oder krank as, eng Bach propper oder verknascht as.

09.

Du verléiss ëmmer eng Plaz e bësschen méi propper ewéi’s du se virfonnt hues.

 

Aufgaben:

 

 

 

a) Du lancéiers an organiséiers eng Naturschutzaktioun.

b) Du méchs eng Bestandopnam vun der Natur an dénger Uertschaft.

c) Du baus um Camp e klengen Recyclingcenter op an iwwerhëlls d’Verantwortung fir eng ëmweltgerecht Offallentsuergung.

 

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.