DEN MUSEKER BADGE

 

01.

Du bréngs et fäerdeg eng Aktivitéit mat einfachen Mëttele musikalesch ze gestalten an esou méi lieweg ze maachen.

02.

Du kenns déi gelefegst Guiden- a Scoutslidder a séngs kräfteg mat.

03.

Fir eng Aktivitéit hues du gehollef de Museksprogramm opzestellen.

04.

Fir eng Aktivitéit hues du gehollef d’Musek respektiv d’Lidder matanzeprouwen.

05.

Du iwwerhëlls d’Gestioun vun engem Dossier mat Lidder a Nouten.

06.

Du bastels selwer en originellt Museksinstrument.

07.

Du kenns verschidden Museksrichtungen a kanns déi respektiv Lidder spillen/sangen.

08.

Du bass ëmmer op der Sich no neien Lidder/Dänz a brengs deenen aneren se bäi.

 

Aufgaben:

 

 

a) Fir eng besonneg Geléenheet komponéiers du e Lidd op eng bekannte Melodie.

b) Du organiséiers eng Rei Gesangsprouwe fir déng Kollegen.

c) Du méchs en Exposé a flotter Form iwwer d’Geschicht vum Gesank oder vun der Musek.

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.