DEN ANIMATEURS BADGE

 

01.

Du kanns eng Veillée mat Spiller a Lidder animéieren a probéiers déi aner zum Matmaachen ze bewegen.

02.

Du erfënns ee neien Bon a bréngs en der Patrull/Trupp bäi. Du kenns och e puer Bonën.

03.

Du kriss eng Aktivitéit mat engem (selwer gebastelten) Instrument animéiert.

04.

Du hëllefs bei der Virbereedung vun enger Veillée, Fiesta oder Versammlung.

05.

Du kanns dech esou verkleden, datt keen dëch erkennt a gebrauchs dëst Talent an der Trupp.

06.

Du kanns dech selwer an anerer schminken.

07.

An engem Sketch odeer Theaterstéck iwwerhëlls du eng gréisser Roll.

08.

Du erfënns en neit Spill fir daat s du d’Reegelen selwer opstells.

 

Aufgaben:

 

 

 

a) Du stells eng Kartei zesumme vun de flottste Spiller, ënnerdeels se a Kategorien a stells de Materialbedarf zesumme, grad ewéi och d’Zäit.

b) Du preparéiers ee Geländespill vun A bis Z a féiers et mat der Trupp aus.

c) Um Camp iwwerhëlls du d’Leedung vun ärer Patrullenveillée.

 

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.