Header
Wandrous

D'Wandrous

1) Symbolik


Déi verschidden Himmelsrichtunge symboliséieren :
- d'Fräiheet
- d'Diversivitéit vun de Méiglechkeeten déi mir hun
- all Wee féiert anzwousch hin


De Kreess symboliséiert :
- déi verschidden Eegeschaften déi an ons dra sin
- d'Ganzheetlechkeet vum Mensch mat all senge Stärkten a Schwächen

Dee méi groussen, no uewen geriichtene Feil symboliséiert :
- d'Richtung fir déi mir ons entscheed hun an déi mir och probéieren duerchzezéien Däichter an Hell symboliséieren :
- dat Gudd an dat Schlecht läit esou no beieneen an as awer diametral géigeniwwer


2) Wat as d'Wandrous ?
D'Wandrous steet fir de perséinleche Fortschrëtt deen de CaraPio a sénger CaraPio-Carrière gemach huet, besonnesch an der Zäit nodeems hien/hatt säin Engagement
ofgeluecht huet.
Dat heescht am Kloertext, déiZäit analiséieren, déi nom Engagement verstrach as, sech an Erënnerung ruffen zu wat een sech senger Zäit engagéiert huet, an driwwer nodenken
op een dëst, säin Engagement, geliewt huet.
Lo as et awer sou, dass de Mënsch sech mat der Zäit weiderentweckelt, e mechtFortschrëtter. Et kann also sin, dass engem déi Objektiver, déi een sech beim Engagement gesat huet, nët méi duer gin oder dass een aaneren Objektiver nogeet. Och dëst as am Sënn vum perséinleche Fortschrëtt ze gesin, ënnert der Viraussetzung dass
dës Entwecklung positiver Natur as.