Header
Wellef waat
Waat sinn Biber?

D'Biber sin déi jéngste Guiden a Scouten a riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoër.

- An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do as, de Respekt fir deen aneren a fir d´Natur méi no bréngen. D´Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert gin a mir wëllen déi fir d´Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D´Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d´selwecht sin, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hun. Wéi d´Biber an der Natur, léieren d´Kanner hiirt Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d´Schéinhete vun der Natur ouni awer d´Geforen ze ignoréieren.

-D´Haaptelementer fir de Kanner d´Bibermethod méi no ze bréngen sin d´Bibergeschicht, d´Kniwwel an d´Spill. Mat enger klenger Geschicht gin d´Kanner an d´Thema agefouert. Duerch d´Kniwwel sollen d´Kanner hir egen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Et geet nët drëm, dass d´Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fähegketen ausprobéiere kënnen. Duerch d´Spill kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen

-D´Biber treffe sech regelméisseg fir hir Biberversammlungen. Doniewt maache si Sortien, e Week-end vun enger Nuecht an den Héichpunkt vum Joër as e Camp mat 3 Nuechten

  Source: www.lgs.lu