Header
Avex Methode
AvEx Methode

Et as nët einfach eng komplex Method, déi iwwer d'Joëren ewech weiderentwéckelt gouf, an e puer Zeilen oder Säiten ze résuméieren. Duerfir versiche mir hei jhust e puer Akzenter duerzeléën, déi an eiser Branche als wichteg ugesi gin.

Déi egen Iddi, déi ege Menung

Eng vun de grousse Neierungen, déi op d'Kand bei den AvEx zoukënnt, as, dass vun elo u séng Menong gefrot as, wann eppes gemaach gët. Op emol kënne si festléën ­ op eng demokratesch Manéier soll am grousse Kreess entscheed gin ­ wat déi nächst Wochen a Méint soll lafen. Dëst as sécherlech flott fir d'Kanner, mee nët ëmmer einfach fir d'Cheféquipe. Si fille sech selwer heiansdo iwwerfuerdert a wëssen nët ëmmer esou richteg wouhin dëst elo féiert. De Wee, deen d'AvEx am AvEx-Rot (all AvEx a Cheféquipe) huelen, as awer dee Wee, dee muss gaange gin, an d'Cheféquipe begleet si op dësem Wee.

Äntwert vun eiser Method
Ask the Boy/Girl - Avex Rot - Truppenrot


An der Cheftaine/Am Chef ee Kolleg gesin

D'Cheftaine/De Chef kritt an eiser Branche och eng grouss Verantwortung als Virbild an als grouss Schwëster respektiv als grousse Brudder mat op de Wee. Am AvEx-Alter sicht d'Kand/de Jugendlechen a séngem Bekanntekreess oft ee Partner, mat deem en sech austausche kann, dem e vertraue kann, deen de Kolleg as, wa Problemer musse beschwaat gin. Et gët ee gesicht, deen d'Kand/de Jugendleche seriö hëllt. De grousse Chef, dee bestëmmt a verfügt, deen as out. Mat vill Fangerspëtzegefill, mat psychologeschem Gespier an dem Kenne vun de Problemer vun eiser Zäit, muss d'Cheftaine/de Chef dem Kand/Judendlechen als Partner géintiwwer trieden.

Äntwert vun eiser Method:
Patrullesystem - Pätter a Giedel


Zesummen un eppes schaffen

Bei den Aventuren an Explorer fänke mir un, a Patrullen ze schaffen. Jidfereen kritt bei der Ausféierung vun der Aventure/Expéditioun eng bestëmmt Missioun, déi zu engem gemeinsam festgeluegten Zäitpunkt réaliséiert muss sin. All Member as gefuerdert, well wann hie lappt, da steet den Erfolleg vun der ganzer Saach um Spill. Innerhalb vun der Patrull huet och nach all AvEx eng Fonktioun, déi erfëllt muss gin (PC, PS, Logbuch, Matérial, Finanzen, .......)

Äntwert vun eiser Method:
Missiounen a Chargen


Eppes réaliséieren

Wann eng Aventure/Expéditioun zum Ausféiere kënnt, wann also esou richteg lassgeluegt gët mam Bastelen, Wierken a Molen, muss all Aventure an all Explorer säint derzou bäidroën. Hei kommen emol Aarbechten op een zou, déi een nët esou gudd kann, déi engem nët grad esou leien; mee dat mecht näischt! Et as jhust dëst Kenneléiere vun neien Technikken, dëst Zesummenhuele vu séngem Courage fir nei Wéër ze goën, déi an eiser Branche grouss geschriwwe gin. A wann et schief geet, dann as dat keng Katastroph, mee eng léierräich Erfahrung, aus där déi richteg Konklusioune musse gezu gin. Dëst geschidd am Bilan, nodeems op der Fiesta eis Aventure/Expéditioun hire feierlechen Ofschloss huet.

Äntwert vun eiser Method
Aventure/Expédtioun - Learning by doing Fiesta


Sensibilisatioun

Nieft de klasseschen Aktivitéiten ewéi Spillen, Bastelen a Schaffen as et der Cheféquipe hir Charge, opzepassen, dass dem AvEx a séngen dräi Joër och eng Parti Wäerter vermëttelt gin, déi säi spirituellt a sozialt Verhale forméieren. Esou soll Wäert drop geluegt gin, dass ee Maximum un Aktivitéiten dobaussen an der Natur stattfannen; et soll och drop gehale gin, reliéis Momenter ewéi Wuertgottesdéngscht, Méditatiounen a Veillée mat spirituellem Charakter an de Programm anzebauen. Et as selbstverständlech, dass déi Momenter mat den AvEx virbereed gin. Zu dësen, op d'Trupp beschränkten Aktivitéiten, soll durch déi eng oder aner 'Bonne Action och dem AvEx säi sozialt Verhalen an Denke gestäerkt gin. Si sollen opmierksam gemaach gin, dass et Leit gin, déi nët esou gudd gestallt sin ewéi mir, dass et Leit gin, déi Hëllef brauchen, dass et vill Ongerechtegkeete gin op dëser Welt. Duerch ugepassten Aktivitéiten gi si fir esou Saache sensibiliséiert.

Äntwert vun eiser Method
Natur - B.A. - Reliéis Aktivitéiten


Perséinleche Fortschrëtt

Am Laf vu séngen dräi Joër duerchleeft d'Aventure/den Explorer och een Entécklungsprozess, deen et gëllt z'observéieren, ze begleeden an ze förderen. Wann och heiansdo ee Wuert vu Luef oder Kritik vill bréngt, esou kann dach nët verlégent gin, dass genee an dësem Alter nach ëmmer vill Wäert op Äusserlechkeete geluegt gët. Esou as et nëmmen normal, dass eng Aventure/een Explorer, déi/dee bestëmmt Qualitéite besëtzt oder sech am Laf vun der Zäit zougeluegt huet, dëst och unerkannt kritt. Wann de Start haut nach jhust ee feierlecht Ophuele vun den Neien an der Trupp as, esou as de Badge als Zeeche vun enger Spezialisatioun, de Brevet als Zeeche vun engem allgemeng gudden Asaz an d'Verspriechensfeier als Zeeche vun enger gewësser Maturitéit dach nët ze verkennen. Dës Ofzeeche sin awer nët ze verstoën als Belounung respektiv als Lorbeeren, op deenen ee sech ausroue kann, et as éischter geduecht als Erausfuerderung, weiderhi séng Fähegkeeten an den Déngscht vun der Trupp respektiv der Gesellschaft ze stellen. D'Vespriechen déngt dozou, dass den 13-14 järege léiert, säi Wuert ze gin an da versiche soll, sech dorun ze halen. Him soll Sënn an Zweck vun 'eppes vespriechen' kloër gin.

Äntwert vun eiser Method

© www.lgs.lu