DEN KONSTRUCTIOUNS BADGE

 

01.

Du weess watfir eng Beem een däerf ëmhaën a wéi een dat propper mécht.

02.

Du kenns e puer Zorten Holz an du weess se richteg ze gebrauchen.

03.

Du weess gutt mat engem Beil an enger See emzegoen, ouni dech oder déi aner a Gefor ze bréngen.

04.

Du pass op d’Patrullen- an Truppematerial op, a raums et uerdentlech ewech.

05.

Du weess wéi een de platte Knuet, d’Aachterschléng an de Brelage uerdentlech mécht, du setz déi 3 bei de Konstruktioune richteg an.

06.

Du entwerfs eng Patrullekonstruktioun a riichs se mat der Patrull op.

07.

Du hëllefs eng grouss Konstruktioun opzeriichten.

08.

Um Camp baus du eppes Originelles fir d’Liewen um Camp méi gemittlech ze maachen.

09.

Du kanns en Trepied opriichten.

 

Aufgaben:

 

 

 

a) Du plangs eng grouss Konstruktioun an hëllefs beim Opriichten.

b) Du verschéiners eng Konstruktioun duerch ee P.H.

c) Um Camp iwwerhëlls du d’Charge vum „Konstruktiounsmeechter“ an denger Patrull: du suergs dofir datt e kompletten Patrulleneck opgeriicht gëtt.

 

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.