DEN JOKER BADGE

 

- Waat as den Joker-Badge ?

Den Joker-Badge passt zu kengem spezifeschen Beräich. Dësen Badge soll dozou dengen en AvEx auszezeechnen, deen op engem Gebitt Spezialist as fir daat et keen konventionellen Badge gëtt.

 

-Virwaat gëtt et den Joker-Badge ?

Et kënnt emol vir dass en AvEx sëch op engem bestëmmten Gebitt besonneg erfir deet (z.B. Sammelen, Elektronik,…), daat Gebitt awer nët sou richteg zu engem Badge passen wëllt. Well et awer net méiglech as fir mat honnert verschidden Badger ze schaffen gëtt et den Joker-Badge, deen flexibel as an sëch un all Beräich upasst. Esou kënnen och dësen AvEx hier Fähegkeeten déi Beuechtung kréien déi se verdengt hun.

 

- Wéi gëtt den Joker-Badge verdeelt ?

Well et fir dësen Badge keng färdeg Lëscht mat Kritèren an Aufgaben gëtt, muss den Kandidat dës – zesummen mat séngen Chefs – selwer ausschaffen, waat eng weider Erausfuerderung fir hien duerstellt. Ganz wichteg as et dass beim Verdeelen vun dësem Badge den AvEx senger Trupp den B eräich wou hien säin Joker-Badge gemeet huet, a Form vun enger Aktivitéit oder enger Presentatioun virstellt.

All Joker-Badge as e ganz perséinlëchen Badge, fir deen et vläicht am ganzen Land keen Equivalent gëtt. Och soll nëmmen een Joker-Badge maximal pro Guid/Scout verdeelt gin.

 

 

 

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.