01. |
Du weess wat ee mat op de Camp hëllt, an du paaks däi Rucksak selwer an. |
|
02. |
Du hues op d’mannst 6 Nuechte Camp hannerun dir. |
|
03. |
Du hues een Hike vu 24 Stonne matgemaach an eng Nuecht dobausse geschlof. |
|
04. |
Du léiss däi perséinlecht Material nët am Kichen- oder am Schlofzelt erëmleien. |
|
05. |
Du kanns een Zelt opriichten an och nees propper apaken. |
|
06. |
Du kanns ee Beil an eng See richteg gebrauchen. |
|
07. |
Du weess wéi een de platte Knuet, d’Aachterschléng an de Brelage mécht. |
|
08. |
Um Camp hues du gehollef eng Patrullekonstruktioun opzeriichten. |
|
09. |
Du kanns dobaussen ee Feier maachen, et mat dem richtegen Holz ënnerhalen ; du bréngs et färdeg déng Feierplaz tiptop ze verloossen. |
|
10. |
Du hues e Menü dobaussen um Feier gekacht. |
|
11. |
Du pass op d’Patrullen- an Truppematerial op a raums et uerdentlech ewech. |
|
12. |
An dénger Patrull féiers du déng Chargen aus. |
|
13. |
Du bass bereet, deenen, um Camp ze hëllefen, déi nach nët esou laang bei äis sin. |
|
14. |
Well's du um Camp matten an der Natur liefs, respektéiers du se a weess, wou däin Offall higehéiert. |
|