DEN EICHT HËLLEFS BADGE

 

01.

Du weess, wat am Fall vun engem Akzident ze maachen as, a wéi een Hëllef erbäirifft.

 

02.

Du kanns eng kleng Wonn propper maachen a verbannen.

 

03.

Du weess, wat bei enger Verbrennung ze maachen as.

 

04.

Du kenns déi wichtegst Medikamenter aus ärer Truppenapdikt an du weess wéi a géint wat se gebraucht gin.

 

05.

Du stells eng Lëscht vun Eischthëllefmaterial op, fir mat op eng Sortie oder een Hike ze huelen.

 

06.

Du weess wéi een erausfënnt, ob ee Medikament ofgelaf as.

 

07.

Du bass ëmmer bereed, dech an der éischter Hëllef weider ze informéieren (Eischthëllefcours,…) an anere Leit ze hëllefen.

 

08.

Du weess wou d’Limiten vun dengen Eischthëllef-Kenntnisser leien an vun wéini un een muss bei en Dokter goen.

 

 

Aufgaben:

 

 

 

 

a) Du stells eng Lëscht op, vu Saachen déi an enger Campapdikt solle sin, an beschreifs firwat se gebraucht gin.

b) Du erkläers denge Kollegen um Camp oder W.E., déi néidegst Grondbegrëffer vun der 1.Hëllef .

c) Du hëllefs bei enger Aktivitéit (W.E., Camp,…) an der Infirmerie a bereeds ee klengt 1.Hëllef Heftche vir, wou déi wichtegst Informatiounen, a punkto 1.Hëllef dra stin.

 

 
 
 

P.S. Et as der Chefekipp fräigestallt, e Kand fir e Badge virzeschloen, oder engem AvEx e Badge z'iwerreechen, wann si fannen, datt hien de Badge verdingt huet, ouni dass des Propose vum Kand ausgangen as.